De Gudden Toun, esou nennt sech eis nei Emissioun, déi déi national an international Aktualitéit mat Humor a Fangerspëtzegefill auserneepléckt. Dobäi gi keng platt Witzer gerappt, mee vill méi gëtt déi plakeg Realitéit op satiresch-originell Manéier beliicht.
Sechs Kënschtler ginn eemol am Mount ee festgeluechtent Theema un, vu Politik iwwer Kultur an d'Wëssenschaft hi bei de Sport. De Clou: Hinne sinn a punkto Fantasie an Ausdrocksforme keng Grenze gesat ...
A wat kënnt dobäi eraus, wann déi ënnerschiddlechst Kënschtler openeentreffen?
Lauschtert eran - dëse Sonndeg 17.01. um 11:00 um radio 100,7.
Den Optakt am Januar maachen de 17.01.: Josiane Kartheiser, Gast Groeber, Nathalie Ronvaux, Raoul Biltgen, Fabienne Hollwege a Max Thommes.
Presentéiert gëtt d'Emissioun vum Claude Faber.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Eis nei Emissioun pléckt déi national an international Aktualitéit mat Humor a Fangerspëtzegefill auserneen, ouni dobäi platt Witzer ze rappen. Dëse Sonndeg 17.01. um 11:00
Eis nei Emissioun pléckt déi national an international Aktualitéit mat Humor a Fangerspëtzegefill auserneen, ouni dobäi platt Witzer ze rappen. Dëse Sonndeg 17.01. um 11:00
Eis nei Emissioun pléckt déi national an international Aktualitéit mat Humor a Fangerspëtzegefill auserneen, ouni dobäi platt Witzer ze rappen.
Dëse Sonndeg 17.01. um 11:00