De Komponist vum Mount: René Mertzig (1911-1986)

René Mertzig

Mëttwochs um 11:10 an 13:40

Nom Zweete Weltkrich erlieft d'Klassik zu Lëtzebuerg een neien Opschwong: D'Land huet e Radiosorchester an d'Museker aus der Kriichsgeneratioun kréien endlech d'Geleeënheet, iwwer den Tellerrand erauszekucken, fir sech mat den neie musikalesche Stréimungen ze familiariséieren.

An deem Ëmfeld entwéckelt sech - nom Dicks a sengen Zäitgenossen - déi zweet Generatioun vu Lëtzebuerger Symphoniker.

Ee vun hinnen ass de René Mertzig, 1911 zu Kolmer-Bierg gebuer, Geiist a Pianist am fréieren RTL-Orchester. 1955 grënnt de René Mertzig d'Société Nationale pour la Propagation de la Musique Symphonique. Als Komponist schreift hie fir grouss Orchesteren an och Kammermusek.

Lauschtert déi éischt Episod hei.

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen