Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Blood, Sweat & Tears - Spinning Wheel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am leschte Klassesall fir dës Woch geet et haut ëm kleng frech Villercher, de Jhemp Hoscheit erzielt och eng Geschicht vun engem Vull a mer léieren den italieneschen Till Eilespiggel kennen.

Am leschte Klassesall fir dës Woch geet et haut ëm kleng frech Villercher, de Jhemp Hoscheit erzielt och eng Geschicht vun engem Vull a mer léieren den italieneschen Till Eilespiggel kennen.

Am leschte Klassesall fir dës Woch geet et haut ëm kleng frech Villercher, de Jhemp Hoscheit erzielt och eng Geschicht vun engem Vull a mer léieren den italieneschen Till Eilespiggel kennen.

Um Dag vun der Aarbecht hu mer fräi

Den éischte Mee ass de sougenannten Dag vun der Aarbecht. Am Fong ass et komesch, datt um Dag vun der Aarbecht jiddweree fräi ass. Wat gëtt dann also op deem Dag gefeiert, u wien gëtt do geduecht? D'Sophie Morang aus eiser Noriichteredaktioun erkläert Iech den éischte Mee.

Lauschteren

E klenge freche Villchen

Et gëtt net méi vill Spatzen zu Lëtzebuerg. De Claude Heidt  aus dem natur musée verréit eis, wat d'Spatze brauche fir ze iwwerliewen, a wat mir kënne maache fir dës kleng frech Vullen ze schützen.

Lauschteren

Bréiwer vum Adam Sigismund von Thüngen

Virun 300 Joer waren d'Leit an der Stad Lëtzebuerg zäitweis hanner Festungsmaueren agespaart. Verschidden Dichteger, wéi den Adam Sigismund von Thüngen, wollten awer op Luxus vu baussen net verzichten.

De von Thüngen huet Commanden op Bréissel geschéckt a krut seng Wuer per Päerdskutsch geliwwert. Seng Bréiwer ginn am Musée 3Eechele versuergt. De Ralph Lange vum Musée weess ganz vill doriwwer. Mee sot emol Kanner, hutt dir dem Adam Sigismund von Thüngen säi Fort nach ni vu banne gesinn?

Iwwer de Site vum Musée 3Eechelen, also iwwer de www.m3e.lu, kënnt dir gemittlech vun doheem aus en Tour duerch de Fort maachen.

Lauschteren

Kakadu, Kakado!

De Jhemp Hoscheit proposéiert eis nees eng kleng Geschicht aus sengem Lauschterbuch "Komm, lies mer vir", dat bei Editions Binsfeld erauskoum. Haut dréit sech alles ëm e Kakadu ... "Sou einfach" ass en Titel.

Lauschteren

Steng erzielen eng Geschicht

D'100,7-Aufgab vum Dag an Zesummenaarbecht mam SCRIPT ass "Rien que des cailloux"-Challenge iwwerschriwwen. De Paul Biver huet erkläert, datt et eng Aufgab ass, bei där Franséisch, Kreativitéit a Fantasie am Mëttelpunkt stinn. Et geet dorëms, datt dir Kanner Steng sammele gitt an da mat deene Steng eng Geschicht verzielt. Dir kënnt Steng och modelléiere wéi dir grad Loscht hutt, se molen, se dekoréieren asw. D'Steng kënnen Objeten, mee awer och Persoune sinn.

Dann eben eng Geschicht op Franséisch mat de Steng erzielen, dat alles filmen an da bis den 11. Mee op challenge@script.lu schécken. Wann de Film elo als Fichier ze grouss ass, kënnt dir et och iwwer "We transfer" schécken. D'Aufgab ass fir zwee Niveauen, en éischten Deel fir de Cycle 2, an éischt Joer Cycle 3 an den zweeten Deel fir de Cycle 3 zweet Joer an de Cycle 4.

Lauschteren

Fir all Detailer hutt dir, léif Kanner, am beschten nach emol dem Paul Biver nozelauschteren, oder dir fannt déi ganz Erklärungen och op www.schouldoheem.lu an der Rubrik "Challenges". Mir wënschen iech vill Freed bei ärer Geschicht.

Ferrazzanu, den italieneschen Till Eilespiigel

Als Ofschloss vun der Geschichte-Rei iwwer Näischnotzen a Spëtzbouwen hëlt d'Betsy Dentzer iech haut mat an Italien, a méi genee op eng wonnerschéin Insel: Sizilien! Do huet de Ferrazzanu gelieft, dee mer vläicht kënnen "italieneschen Till Eilespiggel" nennen. Hien huet als Dénger vum Kinnek geschafft. Deen aarme Kinnek ... deen huet der esou muncher missten ewech stiechen. Mee lauschtert selwer.

Lauschteren


D'ganz Ekipp vum 100,7-Klassesall wënscht iech dann e schéine verlängerte Weekend mat muer och dem Feierdag, an och wa mir doheem bleiwen, genéisst déi Zäit awer mat ären Elteren a Gesëschter.

A wéi ëmmer, wann dir eis wëllt eppes zielen, oder Iddien hutt oder eis soss wëllt eppes soen, da kënnt dir alles iwwer d'E-Mail Adress klassesall@100komma7.lu eraschécken.

A wann dir iech e Musekstitel wëllt wënschen, oder eis wëllt eppes soen, mir hunn och nach eng WhatsApp an d'Nummer, déi ass 621 44 00 44.