Event: Live DJ Session mat Blood Red Shoes

Blood Red Shoes Live

De radio 100,7 an den Atelier presentéieren eng ganz besonnesch Studio Session:

Den englesche Rock-Duo Blood Red Shoes ass de 17. Oktober d'Virgrupp um Concert vun de Pixies an der Luxexpo. Deen Owend ginn si um 23:00 am Studio vum radio 100,7 een eemolegen DJ-Set. D'Plaze si limitéiert.

Schreift eis bis den 11. Oktober e Mail un events@100komma7.lu a gewannt d'Entrée fir zwou Persounen.

D'Gewënner ginn ausgeloust.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen