Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nicool - Duerch De Reen Feat. Jambal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op dësem Feierdag proposéiere mir Iech ee spezielle Programm, deen Iech agreabel duerch den Dag bréngt.

Op dësem Feierdag proposéiere mir Iech ee spezielle Programm, deen Iech agreabel duerch den Dag bréngt.

Op dësem Feierdag proposéiere mir Iech ee spezielle Programm, deen Iech agreabel duerch den Dag bréngt.

Op dësem Feierdag proposéiere mir Iech ee spezielle Programm, deen Iech agreabel duerch den Dag bréngt. Eis Highlights, déi Iech um 1. Mee erwaarden:

07:00 Birdsong
De radio 100,7 bréngt de Bësch bei Iech. Birdsong ass eng Opnam vum 3. Mee 2019 aus engem Bësch an Irland, mat den typesche Geräischer, wann de Bësch moies waakreg gëtt.

08:00 Aachtchen
De musikalesche radio 100,7 Croissant fir gemittlech an de Feierdag eranzekommen.

09:00 Pro-Phil Corona Special
Wat sinn d'Konsequenze vun engem Lockdown oder engem Etat de crise op eng Demokratie? Wat bedeit dat fir d'Rechter vun de Bierger? Wéi een Impakt huet en op d'Vertraue vum Bierger an de Staat? A wéi gesäit et aus mam Bierger senge Flichten? Solle mer eis op den Zivismus vun eise Matmënsche verloossen oder brauche mer méi Kontroll? Natioun oder Unioun: wat sinn déi international Implikatioune vun der aktueller Pandemie?
De Philosophen-Duo Koenig a Retter diskutéiert déi Froe mat hirem Gaascht, dem Marc Schoentgen.

10:00 Moiesconcert
De Symphonieorchester vum slowakesche Radio ënner dem Ondrej Lenárd spillt béimesch Kläng mat Musek vu Smetana, Dvorak, Suchon an Novak.

12:10 Mëttesconcert
D'Concerte vun der Lëtzebuerger Militärmusek si meeschtens am Stater Conservatoire. An eisem Mëttesconcert proposéiere mir Iech e Live-Matschnëtt vun do aus dem Joer 2015 mat Wierker ë. a. vu Strauss, Graham a Mashima.

14:00 Spektrum Spezial Rockläb
Wéi kléngt et, wann dräi Jazz-Nerds Lëtzebuerger Pop-Hits re-interpretéieren? Op déi Fro kritt Dir den 1. Mee eng Äntwert. Dillendub, live, de 16.10.2015 beim 10. Anniversaire vun der Rockhal, zesumme mat de Stëmme vun Eternal Tango, Metro, Hal Flavin, Versus You an Angel At My Table.

16:00 Musek fir den 1. Mee
Den Dag vun der Aarbecht gouf an esou munch Lidder festgehale an dat queesch duerch d'Zäit. Et ass d'Musek vum Protest, déi fir d'Lous vum klenge Mann, vum Aarbechter steet. De Luc Boentges an de Jean Claude Majerus huelen Iech dësen 1. Mee nomëttes mat op eng musikalesch Rees duerch Aarbechter- a Protestlidder.