Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Loren Kramar - Hollywood Blvd

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sécherheet am Internet, Ernärung am Alter an d'Phantom vun der Oper

Sécherheet am Internet, Ernärung am Alter an d'Phantom vun der Oper

Sécherheet am Internet, Ernärung am Alter an d'Phantom vun der Oper

Sécher am Internet ënnerwee

Spaass an Ënnerhalung fënnt ee genuch am Internet, mee gläichzäiteg muss een awer och op e puer Saachen oppasse fir sécher duerch de World Wide Web ze navigéieren. Den Alain Brever, Direkter vum RBS Center fir Altersfroen huet dofir e puer Tuyaue gesammelt.

Lauschtert hei

Eewäiss an der Ernärung

Am Alter ass et wichteg Eewäiss zou sech ze huelen, fir esou d'Muskelmass ze erhalen. Doduercher huet ee méi Kraaft an et bléift een och aktiv. Am Fleesch ass vill Eewäiss, mee et ginn awer och Alternative wéi Fësch, Eeër oder Soja-Produiten.

Lauschtert hei

En Autoportrait vum Nico Helminger

1993 war den Nico Helminger beim Jean Portante am Studio an huet do iwwer säi Liewen als Schrëftsteller erzielt. Eng wichteg Fro an deem Gespréich war, wéi fräi een eigentlech an der Professioun ass. Et goung awer och dorëms, firwat den Nico Helminger de Wee an d'Ausland gesicht huet.

Lauschtert hei

Eng Mëschung aus Musek, Krimi a Fantasie

Den Anrew Lloyd Webber ass wuel ee vun de bekanntsten Nimm, wann et ëm Musicals geet. Säi gréissten Erfolleg ass awer wuel "Phantom of the Opera", e Stéck, dat virun allem de Sänger vill ofverlaangt.

Lauschtert hei