Generator live op der Nuit des Musées

NdM.png

Siwe verschidde Muséeën an der Stad maachen um Samschdeg Owend vun 18:00 bis 01:00 fir de Public hir Dieren op. De radio 100,7 ass vun 18:30 bis 20:00 mat der Emissioun Generator live dobäi. D'Françoise Keller an de Pit Walté sinn am Musée um Fëschmaart an ënnerhale sech mat Kënschtler an Invitéeën.

Mir proposéieren ënner anerem: D'Anne Galovich (Clavecin) an d'Paula Oliveira (portugisesche Fado). Den Déierendokter Tom Conzemius mécht virwëtzeg op seng Spezialvisite an der Ausstellung "Alles fir d'Kaz" am natur musée am Gronn.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

  • Literaturlabo 7: Bilan

    En Donneschdeg, 7.12. um 19:00 am Institut Pierre Werner

  • Offre d'emploi

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recrute un(e) technicien(ne) radio.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen