De Gilbert Pregno am Gespréich

Den Invité an der Emissioun "Am Gespréich" an der Woch vum 11. Januar huet eng grouss ëffentlech Presens, besonnesch wann et ëm Froen a senger Qualitéit als Psycholog a ronderëm Kanner geet.
De Gilbert Pregno ass Psycholog a Familljentherapeut, hie war Direkter vun der Fondatioun Kannerschlass an ass aktuell President vun der consultativer Kommissioun fir Mënscherechter zu Lëtzebuerg, eng Kommissioun, déi den Ament mat de Konditiounen, den Aschränkungen an de Mesuren am Kontext Corona-Pandemie dacks sollicitéiert ass an ëm Meenung gefrot gëtt.
Vum 11.-17.1. ënnerhale mir eis mam Gilbert Pregno, an der Woch um 12:40 a sonndes um 10:10.
Liest a Lauschtert dee ganzen Interview.