Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ... a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech wäert sëtzen hunn. Si musse sech de Programm live aus de Fangere suckelen. Eng Kéier de Mount, méindes owes um 22:00

... a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech wäert sëtzen hunn. Si musse sech de Programm live aus de Fangere suckelen. Eng Kéier de Mount, méindes owes um 22:00

... a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech wäert sëtzen hunn. Si musse sech de Programm live aus de Fangere suckelen.

Eng Kéier de Mount, méindes owes um 22:00

"Dat muss gliddeg aus der Pan kommen", esou hunn an der Zäit déi populär lëtzebuergesch Schauspiller gesot, wa si den Text net esou ganz geléiert haten. Gliddeg aus der Pan, also ouni vill ze prouwen, an der Aktioun, am Moment, ongeplangt an onzenséiert.

Esou soll et och an dëser Sendung hiergoen, coproduzéiert vum KUK an dem radio 100,7. Zwee Leit aus Konscht & Kultur ginn als Gäscht agelueden a kee vun hinne weess, wien e vis-a-vis vu sech wäert sëtzen hunn. Kee vun hinne weess, wat de Programm vun der Sendung ass, a mir och net. Si ginn eng Stonn laang an de Studio agespaart a musse sech de Programm live aus de Fangere suckelen, gliddeg aus der Pan eben. 

Lauschtert Gliddeg aus der Pan live um radio 100,7 den 18.1. um 22:00 oder kuckt de Livestream.