Wäiss a Schwaarz - Improvisatioun mam Maurice Clement

Maurice Clement.jpeg

An der Pianosemissioun "Wäiss a Schwaarz" gi mir der Pianosliteratur op de Fong. All Mount ass ee Pianist oder eng Pianistin um Studiospiano vum radio 100,7 ze héieren. D'Pianiste schwätzen iwwer Kompositiounen a loossen an d'Banneliewe vun hirem Repertoire blécken.
 
Wat ass Improvisatioun? Eppes wat just studéiert Museker kënnen? Oder ka jiddwereen improviséieren? Invité an der Pianosemissioun vum 13. Oktober ass den Organist a Professer fir Improvisatioun Maurice Clement. Um 100,7-Fligel gëtt hie mat Tounbeispiller en Abléck an déi verschidden Aspekter vu sengem Fach.
 
Lauschtert déi lescht Episoden hei nach eemol.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen