In memoriam Jay Schiltz: Sonndeg, 10:00

Jay Schiltz

De Jay Schiltz ass de Mëttwoch am Alter vun 62 Joer gestuerwen.

De Journalist, Radio- an Televisiounsspeaker, Kabarettist, Familljemënsch a Fussballfan: dat ass nëmmen een Deel vun deem, wat engem spontan afält, wann ee säin Numm héiert ... oder sech u seng Stëmm a seng eenzegaarteg Manéier erënnert. Gerechtegkeet, Memoire, Mënschlechkeet däerfen net feelen.

Dëse Sonndeg loosse mir Frënn, Aarbechtskolleegen, Mënschen zu Wuert kommen, déi de Jay e Stéck vu sengem Wee, ob um radio 100,7, schonn an der Schoul, am Laf vum Liewen oder senger berufflecher oder privater Lafbunn, begleet hunn.

An och de Jay selwer a senger onverkennbarer a breetgefächerter Manéier kënnt zu Wuert - well Wuert a Stëmm ware markant, nieft villen aneren Eegenschaften.

De Jean-Claude Majerus an d'Nathalie Bender hu sech zesummegesat fir un de Jay Schiltz ze erënneren.

Dëse Sonndeg um 10:04 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen