Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ice In My Eyes - Arpeggiator

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Jacques Thill aus dem Medieministère ass neie Member am 100,7-Verwaltungsrot. D'Mandater vun der Tania Brugnoni a vum Jean-Marie Haensel goufe bis 2025 verlängert.

De Jacques Thill aus dem Medieministère ass neie Member am 100,7-Verwaltungsrot. D'Mandater vun der Tania Brugnoni a vum Jean-Marie Haensel goufe bis 2025 verlängert.

De Jacques Thill aus dem Medieministère ass neie Member am 100,7-Verwaltungsrot. D'Mandater vun der Tania Brugnoni a vum Jean-Marie Haensel goufe bis 2025 verlängert.

Et gi Changementer am Verwaltungsrot vum radio 100,7. D'Regierung huet de Jacques Thill aus dem Medieministère als Ersatz fir d'Tania Brugnoni ernannt, fir hiert Mandat fäerdeg ze maachen. D'Tania Brugnoni, Direktesch vum Creative Hub 1535 zu Déifferdeng, krut en neit Mandat, dat bis 2025 leeft. D'Mandat vum Jean-Marie Haensel aus dem Finanzministère gouf bis 2025 erneiert.

D'Nancy Braun, Generaldirektesch vun Esch 2022 an Interim-Direktesch beim radio 100,7 nom Depart vum Direkter Jean-Paul Hoffmann am Dezember 2018, ass net méi am Verwaltungsrot. Hiert Mandat war vum 20. November 2015 bis den 10. August 2020.

De komplette Verwaltungsrot vum radio 100,7:

Véronique Faber, présidente

Tania Brugnoni
Jean-Marie Haensel
Dominique Hansen
Raphael Kies
François Mousel
Jacques Thill
Michèle Vallenthini
Renée Wagener

Céline Flammang, Commissaire de Gouvernement
Laure Bourguignon, Secrétaire du conseil d'administration