Joboffer: Chef/Cheffin vum Déngscht (CvD)

JobAnnonce_CvD.jpg

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E gëtt, wéi opus 100,7, säi Schwësterprogramm fir klassesch Musek, am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.  


Fir eis Ekipp mat de richtegen Talenter ze verstäerken, sicht de radio 100,7 een/eng


Chef/Cheffin vum Déngscht (CvD) - Vollzäit oder Deelzäit
 

An engem journalistesche Betrib ass e CvD oder "secrétaire de rédaction" zoustänneg fir déi deeglech Organisatioun vun der Redaktiounsaarbecht. Beim radio 100,7 rapportéiert de CvD direkt un de Chefredakter. Et handelt sech ëm eng Schlësselplaz, déi mat der Ekipp fir de Succès vun der Redaktioun responsabel ass.  
   
Wat sinn dem/der CvD seng Tâchen?  

  • Sujete fir Reportage proposéieren, Gespréichspartner identifizéieren a kontaktéieren, Interviewe preparéieren an organiséieren
  • Virbereedung a Suivi vun de Redaktiounskonferenzen, souwéi der Redaktiounsaarbecht. Dëst ëmfaasst de ganze Spektrum, vum Choix vun de Sujeten bis zur Fäerdegstellung, sief et a Form vu Contributioune fir d'Antenn oder fir digital Plattformen
  • Suivi vun der Produktioun vun de Redaktiounskolleegen/kolleeginnen
  • Gestioun vum redaktionellen Aarbechtsplang an dem Reseau vun externe Korrespondenten/Korrespondentinnen
  • Koordinatioun mat anere Servicer, wéi dem Onlinedepartement oder der Programmatioun

Wéi eng Fachkompetenze siche mir? 

  • Professionell Erfarung als CvD an/oder Journalist:in ass vu Virdeel
  • Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt Kenntnisser am Däitschen, Engleschen a Franséischen
  • Gutt Allgemengbildung a Kenntnisser vun der nationaler Aktualitéit

Wéi eng Eegenschafte soll ee matbréngen?

  • Begeeschterung fir eng Ekipp ze koordinéieren an am Team zesummenzeschaffen
  • Loscht an engem dynameschen Environnement ze schaffe mat héije Qualitéitsuspréch
  • Organisatoresch a kommunikativ Fäegkeeten, Pragmatismus a proaktiivt Denken
  • E gutt A fir den Detail an awer den Iwwerbléck behalen
  • Motivatioun fir eis redaktionell Prozesser kontinuéierlech unzepassen

Mir bidden:

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI)
  • Intern an extern Weiderbildungsméiglechkeeten
  • Eng spannend an ofwiesslungsräich Plaz mat diverse Projeten
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld
  • Méiglechkeet aktiv matzegestalten


Sidd Dir interesséiert? Da schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens
den 19. Juni 2023 per Email un rh@100komma7.lu

Mir freeën eis, vun Iech ze héieren a sti fir all Fro zur Verfügung.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen