Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 sicht een/eng Kandidat:in fir e journalistescht Volontariat wärend 24 Méint.

De radio 100,7 sicht een/eng Kandidat:in fir e journalistescht Volontariat wärend 24 Méint.

De radio 100,7 sicht een/eng Kandidat:in fir e journalistescht Volontariat wärend 24 Méint.

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg a gëtt am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.

Als Service public leet de radio 100,7 Wäert op d'Ausbildung vun der nächster Generatioun vu Journalist:innen. Inspiréiert vun der Ausbildungspraxis an däitschsproochege Medienhaiser huet de radio 100,7 en zweejärege Programm entwéckelt, dee Praxis an Theorie, Tutorat a formell Formatioun, in-house an international Experienz verbënnt. An deem Kader sicht de radio 100,7 fir den Hierscht 2022 een/eng Kandidat:in fir e

Journalistescht Volontariat 

Mir offréieren
24 Méint bezuelten Ausbildung als Journalist:in an engem kreativen Ëmfeld, ëmgi vun enger dynamescher a motivéierter Ekipp. D'Praxis gëtt komplettéiert duerch 4 Woche Volontärskurs bei der Akademie für Publizistik zu Hamburg, souwéi internen an externe Formatiounen. Du bass an déi alldeeglech Aarbecht um Radio agebonnen a kriss e festen Uspriechpartner fir all Froen, déi deng Ausbildung uginn. Du léiers, wéi ee Berichter a Reportagë produzéiert, journalistesch Recherchë mécht an hannert dem Mikro schafft. Du kriss en Abléck an déi verschidden Deeler vum Radio, vun der Noriichteredaktioun iwwert d'Online-, d'Kultur- an d'Museksredaktioune bis bei d'Technik, wou professionell Hard- a Software fir Audio- an Digitalinhalter zum Asaz kënnt. Am Kader vun de Kontakter vum radio 100,7 an der European Broadcasting Union (EBU) a mat Radioen an der Groussregioun gesäis Du och, wéi aner Radioe schaffen.

Déi/den ideal:e Kandidat:in brauch

  • Virwëtz an Interêt u Journalismus, dee gesellschaftlech relevant, kritesch an onofhängeg ass
  • Interessi fir Lëtzebuerg an d'Mënschen, déi hei liewen
  • Begeeschterung fir Radio a Podcasten
  • Affinitéit fir digital Medien an Entwécklungen
  • Flexibilitéit, Ekippegeescht a Kreativitéit
  • Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt Kenntnisser am Däitschen, Franséischen an Engleschen
  • E Schoulofschloss, am beschten um Niveau Bachelor oder Master
  • Éischt journalistesch Erfarung, iwwer Stagen oder Vakanzenjobben
  • E Fürerschäin (Kategorie B)

Deng Perspektiv
De Volontariat gëtt Dir den theoreeteschen a prakteschen Know-how, fir am Journalismus an allgemeng am Mediesecteur ze schaffen.

Schéck eis Deng Kandidatur an Däi CV weg. bis spéitstens den 18. Juli 2022 per Email un rh@100komma7.lu.

Hei d'Deskriptioun vum Posten als PDF-Dokument.