Literaturlabo 7: Bilan

LitLab 7

D'Gewënner vun de Literaturpräisser si bekannt. De Literatur-Nobelpräis, de Renaudot, Goncourt, Man Booker Prize an den Däitsche Buchpräis si verginn. Och zu Lëtzebuerg si SchrëftstellerInnen ausgezeechent ginn: De Charel Meder an de Roland Meyer kruten de Lëtzebuerger Buchpräis, d'Anja Di Bartolomeo den éischte Präis beim Nationale Literaturconcours, de Georges Hausemer de Batty Weber-Präis an d'Nora Wagener de Servais-Präis.

Et ass Zäit fir e klenge Bilan, fir déi priméiert Bicher ze beschwätzen, d'Literaturevenementer ze zerplécken an d'Tendenzen am Business z'analyséieren. Am LiteraturLabo vum radio 100,7 diskutéieren de Ian de Toffoli, Chercheur op der Uni Lëtzebuerg, Nathalie Bender a Valerija Berdi vum radio 100,7.

De LiteraturLabo #7 ass eng ëffentlech Table ronde, en Donneschdeg, 7.12. um 19:00 am Institut Pierre Werner.

Den Entrée ass gratis. Reservéiert Är Plazen op events@100komma7.lu 

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen