LiteraturLabo 8 am Zeeche vum magesche Realismus

litlab 8

De radio 100,7 an d'Nationalbibliothéik invitéieren Iech op déi 8. Editioun vum LiteraturLabo, den 22. Mäerz 2018 um 19:30 an der Nationalbibliothéik an der Stad. Dës Kéier steet alles ënnert dem Zeeche vum magesche Realismus.

De magesche Realismus ass de Virleefer vun der Fantasy-Literatur. Seng Wuerzelen huet de Stil an Däitschland, mä op der ganzer Welt - a virun allem a Latäinamerika - spillt en eng Roll an der Literatur. Populariséiert gouf e vum kolumbianesche Schrëftsteller Gabriel García Márquez, deen a senge literaresche Wierker magesch Elementer a realistesch Situatiounen integréiert huet.

De LiteraturLabo vum radio 100,7, an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik, invitéiert Iech, mat ze diskutéieren. Bicher aus Afrika, Ost- a Westeuropa a Latäinamerika gi vun de Literaturlaboranten Nathalie Bender, Valerija Berdi a Ian De Toffoli virgelies, diskutéiert an ausernee geholl, an Är Meenung ass och gefrot. 

Rendez-vous den 22. Mäerz 2018 um 19:30 an der Nationalbibliothéik
37, Boulevard F.D. Roosevelt / L-2450 Luxembourg

D'Entrée ass gratis. Reservéiert Är Plazen op events@100komma7.lu

E Matschnëtt vum LiteraturLabo gëtt sonndes, de 25. Mäerz um 09:04 a 15:00 um radio 100,7 diffuséiert.

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen