LiteraturLabo V: Vu Beruff Schrëftsteller?

litlab-site.png

Pressemitteilung (Deutsch)

Déi 5. Editioun vum LiteraturLabo start de 7.3. um 19:30 live am Bistro Ratelach vun der Kulturfabrik. 

De Literaturbetrib zu Lëtzebuerg boomt: Et gëtt vill geschriwwen an et gëtt vill publizéiert. 

Mee wéi eng Méiglechkeeten hunn Auteuren an Éditeuren hei am Land fir sech finanziell ofzesécheren an doduerch méi professionell ze schaffen? Fir Manuskripter besser ze preparéieren, fir engem Auteur e Lektorat z'offréieren? Wiem seng Roll ass et déi néideg Informatiounen ze bidden? Hëlleft déi nei Plattform vum Luxembourg Online Rights Desk fir eng besser Vermaartung vun der Lëtzebuerger Literatur am Ausland? 

Mat dëse Froe beschäftegt sech déi 5. Editioun vum LiteraturLabo, ënnert der Leedung vun de Literaturlaboranten Nathalie BenderValerija Berdi a Ian De Toffoli. Jiddereen ass wëllkomm, fir Froen ze stellen a mat ze diskutéieren. Rendez-Vous de 7. Mäerz 2017 um 19:30 am Bistro Ratelach vun der Kulturfabrik. Reservéiert Är gratis Plazen op events@100komma7.lu

E Matschnëtt vum LiteraturLabo gëtt sonndes, den 12. Mäerz um 10:04 a 15:00 um radio 100,7 diffuséiert.

Programm

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen