Live - Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern

E Sonndeg, de 25. Mäerz, spillt d'Deutsche Radiophilharmonie Saarbrücken-Kaiserslautern zwee bedeitend Wierker aus der romantescher Orchesterliteratur: den Triple-Concerto vum Ludwig van Beethoven an dem Johannes Brahms seng 2. Symphonie.
De radio 100,7 iwwerdréit dëse Concert vun 11:00 Auer u live aus der Kongresshalle vu Saarbrécken, zesumme mam SR2 KulturRadio.
Fir d'Deutsche Radiophilharmonie gëtt dës Matinée e besonnescht Evenement. Als Gaaschtdirigent trëtt hire fréieren Dirigent Christoph Poppen op, dee vun 2006 u Chefdirigent vum Radiosymphonieorchester Saarbrücken war an d'Joer drop d'Responsabilitéit vun der fusionéierter Deutsche Radiophilharmonie iwwerholl hat. Bis zum Enn vu sengem Mandat am Joer 2011 huet de Christoph Poppen den Orchester gutt an der internationaler Zeen positionéiert, ënnert anerem duerch exzellent CD-Opname mat Integrale vun den Tschaikowsky- a Mendelssohn-Symphonien.
Solisten an der Konzertmatinée vum 25. Mäerz sinn de Pianist François-Frédéric Guy, d'Geiistin Lena Neudauer an den Cellist Xavier Phillips.