Fräi Grenze mat Erausfuerderungen

Mäin Europa: Grenzgänger

All Dag kommen dem Statec no méi wéi 200.000 Frontalieren op Lëtzebuerg schaffen. De Schengener Accord mécht et Pendeler einfach déi national Grenzen ze iwwerschreiden. Mee och wann et keng physesch Grenze méi tëschent de Länner ginn, mussen d'Frontalieren sech all Dag sozialen an infrastrukturellen Erausfuerderungen stellen.

Wat sinn d'Motiver vu Frontaliere fir all Dag op Lëtzebuerg schaffen ze kommen? Wéi gesäit hiren Alldag aus? An der Serie Mäin Europa, dëse Mëttwoch um 9:40 Auer an 13:40 Auer begleede mir een Dag laang eng Famill vu belsche Grenzgänger.

Lauschtert hei
 

 

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen