Mam 100,7-Mikro ënnerwee

Max Feyder

Als engagéierte Rapper ass de Max selwer un de Mënschen interesséiert, ob jonk oder al, un hirem Zesummeliewen an hiren Interaktiounen. A senge Mikro-Trott-Reportagë wäert hien dann och e ganz breet gefächerte Spigel vun eiser Gesellschaft erëmginn.

Hie gräift dobäi spannend Theemen op wéi Frëndschaft, de Lëtzebuerger u sech, oder och nach gelieften an/oder verpasste Liewensdreem, fir de Stëmmen aus der Strooss an de kuerze Mikro-Trott-Reportagen och dat néidegt Feier ze verpassen.

Esou war de Max Feyder an der Stad ënnerwee an huet d'Leit gefrot, wéi eng Plaze si do am flottste fannen. Natierlech koumen dobäi net nëmme positiv Äntwerten op d'Tapéit ...

Haalt op alle Fall déi nächste Wochen Är Aen op, wann Dir ënnerwee sidd. Et kéint jo mol sinn, datt Dir dem Max an der Strooss begéint, an Iech e Mikro mam radio 100,7-Logo drop ënner d'Nues gehale gëtt.

Mikro-Trott mam Max Feyder, mëttwochs um 10:40 a 16:50

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen