Neie Schwéierpunkt: Sex sells

Sex sells - Foto: Bigstock/New Africa

Zweemol an der Woch steet ee spezifescht Thema am Fokus vun engem laange Reportage um radio 100,7. 

An eisem Schwéierpunkt vum Oktober dauche mir an d'Welt vum Geschäft mat der Léift.

Éischt Episod: Erotik jo - Sexismus neen

D'Publicitéits-Agencë liewen zu engem gewëssenen Deel och vu Reklamme mat eroteschem Inhalt. Verkeeft e Produit sech wierklech besser mat engem eroteschen Touch, a wou setzen d'Publicitéitsagencë sech d'Grenzen?

Lauschtert d'Episod hei nach eemol.

An der Episod dëse Samschdeg, 12. Oktober um 16:15, geet et ëm Sex-Toys

Sexshop war gëschter. Haut keeft ee säin erotescht Spillgezei vun doheem via Internet.      
A gehéiert domat zu der moderner Generatioun, déi no neie Liewenserfarunge sicht.
Sou jiddefalls definéiert een d'Clientèle bei enger Berliner Online-Plattform fir Sex-Toys.  

Presentatioun: André Dübbers

Eisen neie Schwéierpunkt, ëmmer méindes um 09:40, samschdes um 16:15 a sonndes um 17:30

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen