E Joer, dat d'Welt wäert beweegen

2018.jpg

Léif NolauschterInnen,

De radio 100,7 steet prett fir 2018, a mir wënschen Iech alleguer vill Gléck a Freed fir dat neit Joer!

Et ass ee Joer, dat sech mat Themen ukënnegt, déi Lëtzebuerg an d'Welt wäerte beweegen. Mir stinn an de Startlächer fir d'Chamberwahlen an d'Wahlcampagne ze couvréieren. Wat sinn d'Positioune vun de verschiddene Parteien an hir Visioune fir d'Zukunft? Mir ginn Iech d'Informatiounen, déi Dir braucht, fir Iech Är Meenung ze bilden. A mat eisem breede Korrespondentennetz,  zum Beispill zu Washington, Bréissel a Berlin, begleede mir d'Aktualitéit och an de Schaltzentrale vun der internationaler Politik.

Kulturfrënn opgepasst: 2018 ass zur "Année du patrimoine culturel" deklaréiert ginn. Besonnesch am Abrëll widme mir eis mat Hannergrënn a Reportagen deene villfältege Facettë vum Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

De radio 100,7 wäert sech och 2018 beméien, Live-Transmissiounen aus der Philharmonie an eis Opname vun éischtklassege Concerten (klassescher oder anerer) fir Iech zu engem besonneschen Erliefnes ze maachen. Mir schäffen och weider aus der breeder musikalescher Offer vun der Union Européenne de Radio-Télévision, a mir bréngen Iech Concertsatmosphär mat deene relevante Lëtzebuerger an internationale Kënschtler direkt an Äre Living.

Vläicht sidd Dir awer och faszinéiert vun Hörspiller, déi mat hire ganz eegene Mëttele Kino am Kapp entstoe loossen? Am Februar vergi mir den 100,7 radiopräis fir dat bescht Hörspill 2017 a gläichzäiteg lancéiere mir d'Editioun 2018 vun eisem internationalen Hörspill-Concours. Forum du débat, Kreatiounsplattform, Concertssall - all dat wëll de radio 100,7 och am neie Joer sinn. An à propos nei: Och eist Programmheft presentéiert sech vun elo un an enger frëscher, méi gerafftener Opmaachung. Entdeckt mat eis déi vill Säite vun 2018!

Är Equipe vum radio 100,7

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen