Den OPL an de Leonidas Kavakos live

Haut den Owend um 8 Auer spillt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg Wierker vu Joseph Haydn an Antonin Dvorak. Chef invité ass de Leonidas Kavakos, dee seng Gei mam Dirigentebengel getosch huet. Als Solist um Cello ass de Gautier Capuçon ze héieren.
De Concert gëtt um 8 Auer um radio 100,7 live iwwerdroen.
De Manuel Ribeiro huet am Virfeld mam Leonidas Kavakos geschwat.