OPL & Paavo Järvi live aus der Philharmonie

Paavo Järvi vum Jean Christophe Uhl

Den Orchestre Philharmonique du Luxembourg spillt ënner der Leedung vum estneschen Dirigent Paavo Järvi.
 
Datt de Richard Strauss niewent Operen och eng Partie Ballete komponéiert huet, ass kaum bekannt: Josephs Legende no der Erzielung aus dem Alen Testament huet zu Paräis am Joer 1914 mam Leonid Massine an der Haaptroll seng Premiere gefeiert. Am Joer 1947 huet de Strauss mat dem Symphonischen Fragment eng Versioun fir de Concertssall erstallt.

Den Anton Bruckner huet seng 8. Symphonie als "Mysterium" bezeechent. Tatsächlech huet d'Wierk vu ronn 80 Minutten deemools bei den Nolauschterer Perplexitéit hannerlooss, während et haut zu de Bijoue vun der symphonescher Musek aus dem 19. Joerhonnert zielt.

De radio 100,7 iwwerdréit dëse Concert den 18.10. um 20 Auer live aus der Philharmonie.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen