Opruff Kandidature fir de Screaming Fields Festival 2022

Du bass tëschent 12 a 25 Joer al, passionéiert vun dengem Museksprojet a prett op enger Bün viru Publikum opzetrieden? Da mell dech u bis de 15. Mee fir eng vun den 8 disponibele Plazen um Screming Fields Festival den 9. Juli an der Rockhal ze kréien.
Egal wéi e Genre - Rock, Pop, Metal, elektronesch Musek oder Hip-Hop - eng Selektioun vu villverspriechende Kënschtler:inne kréien d'Geleeënheet dëse Summer an der Rockhal opzetrieden. Ausserdeem gëtt et flott Präisser ze gewannen, wéi z. B. Coaching- a Berodungssessiounen, Akafsbongen an natierlech Optrëtter an de Concertssäll an op Festivallen uechter Lëtzebuerg!
Aschreiwe kanns du dech hei: https://www.screamingfields.lu/festivalapplications