Opruff fir eng musikalesch Kompositioun

Fir d'Rentrée 2021/22 plangen de radio 100,7 an de KulturKanal (KUK) e gemeinsame Projet, bei deem d'Kreatioun vun enger Kompositioun an engem Text fir Chouer, begleet vun enger Videokreatioun, am Mëttelpunkt stinn.
Besetzung: SATB
Längt vum Wierk: 4 bis 5 Minutten
Dotatioun fir d'Kompositioun: 2.000,00 EUR HTVA
Dotatioun fir den Text: 1.000,00 EUR HTVA
D'Commande riicht sech un all lëtzebuergesch KomponistInnen & AutorInnen an/oder KomponistInnen & AutorInnen, deenen hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg ass. D'Stéck soll eng Längt vu minimal véier Minutten a maximal fënnef Minutten hunn a gëtt vum Vokalensembel The Duke's Singers uropgeféiert. D'Theema vum Stéck ass virdefinéiert an heescht: "Gléckleche Sisyphus". Dat Theema kann explizitt oder implizitt am Text virkommen. Den Text muss op Lëtzebuergesch oder enger vun den aneren offizielle Sproochen hei zu Lëtzebuerg verfaasst ginn.
D'KomponistInnen an d'SchrëftstellerInne sollen hir gemeinsam Kandidatur mat enger Biographie, Extraite vu well geschriwwene Wierker (Audio/Text/Partitur), an enger detailléierter Beschreiwung iwwer déi geplangte Kompositioun bis den 15. Abrëll 2021 un d'Email-Adress chouer@100komma7.lu eraschécken.
Den Ensembel, deen d'Kompositioun uropféiert, ass The Duke's Singers. Gegrënnt 2013 nom Virbild vum Ensembel The King's Singers sinn d'Duke's Singers a lauter verschiddenen Epochen a Stilrichtungen doheem a bidden dem Komponist/der Komponistin esou eng ganz Bandbreet u méiglechen Usätz fir d'Stéck. Weider Informatiounen iwwer den Ensembel fënnt een iwwer dëse Site.
Eng Jury, déi aus Vertrieder vum radio 100,7, vum KUK a vum Ensembel The Duke's Singers besteet, analyséiert d'Kandidaturen a sicht d'Gewënner eraus.
Zäitplang:
15. Abrëll 2021: Deadline fir d'Kandidaturen
Enn Abrëll 2021: Annonce vum Gewënner/Gewënnerin
15. Juli 2021: Deadline fir d'Areeche vum Wierk
Rentrée 2021/22: Uropféierung
De radio 100,7 an de KUK hunn dat exklusiivt Recht, déi éischt Uropféierung vum Wierk ze organiséieren, ze iwwerdroen an dës Performance ze rediffuséieren, wéi och online iwwer verschidde Kanäl der Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen (Mediathéik/KUK/etc.). De radio 100,7 an de KUK hunn d'Recht de Prozess vum Entstoe vum Wierk medial ze begleeden. De Komponist/Komponistin an de Schrëftsteller/Schrëftstellerin garantéieren, datt an hirem Wierk keng Elementer verschafft ginn, déi d'Rechter vun enger anerer Persoun verletzen.
De radio 100,7 an de KUK kënnen net garantéieren, datt den Oflaf vum Projet net ofgeännert oder verluecht ka ginn. D'Areeche vun enger Kandidatur bedeit automatesch, datt de Kandidat/d'Kandidatin mat de Konditioune vun dëser Kandidatur averstane sinn.
Mat der Ënnerstëtzung vun der Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs.
Dës Informatiounen kënnt Dir Iech hei och eroflueden.
D'Gewënner vun der Ausschreiwung sti fest: De Komponist Pierre Weber an den Auteur Raoul Biltgen hunn d'Ausschreiwung fir eng musikalesch Kompositioun vum radio 100,7 zesumme mam KulturKanal gewonnen. Thematesch hu si d'Motiv vum Sisyphus iwwerholl an op d'Roll vun engem Papp iwwerdroen. Bis Mëtt Juli hu si elo Zäit fir hir Kompositioun fir Chouer ze realiséieren, déi dann an der Rentrée 2021/22 vun den Duke's Singers uropgeféiert gëtt a live um radio 100,7 iwwerdroe gëtt.