De radio 100,7 bei de Congés annulés

Congés annulés

All Méindeg suergt de "Public Service Soundsystem" um Site vun de Rotondë fir de gudden Toun: Een DJ vum radio 100,7 spillt zesumme mat engem speziellen Invité.

Den Optakt mécht den 3.8. um 18.00 Auer eisen Hip-Hop-Expert Bobby Bieles, zesumme mam Peanut Boy. Den diskrete Produzent a Rapper ass zanter Joren e wichtegen Acteur an der Lëtzebuerger Hip-Hop-Zeen.

Dënschdes owes iwwerdroe mir um 20 Auer Concerte vum Festival. Dës Woch ass et en Optrëtt vum Lëtzebuerger Museker a Produzent Eric Junker alias Slumbergaze. Schlofen a Stuerke wieren zwou Saachen déi sech ofstoussen, seet hien. A senge Kompositioune baut hien en akustescht Spannungspfeld tëschent deene Géigesätz op.

Programm

  • Mat Groove a Séil

  • On air

    Notturno

  • Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Schwéierpunkt Rassismus

    2020-09-29-Rassismus-v1.jpg

    An eiser Serie Schwéierpunkt thematiséiert den André Dübbers all Dënschdeg verschidde Volete vum Rassismus.

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen