Ass et der EU-Kommissioun hir Schold, datt d'Europäer manner séier geimpft gi wéi Britten an Amerikaner? Oder kritt Bréissel de Schwaarze Péiter zougeschoustert ouni eppes dofir ze kënnen?
Dat ass eng vun de Froen un de fréiere President vun der EU-Kommissioun. Nieft aneren europäeschen Theeme gëtt den Éierestaatsminister awer och op eng Rei Lëtzebuerger Theemen ugeschwat. Stéchwierder sinn do d'Monarchie, ee Joer nom Rapport Waringo an den Zoustand vun der CSV no siwe Joer Oppositioun.
Moderatioun: Maurice Molitor.
Riicht eraus, de 6. Februar vun 12:03 bis 13:00. Lauschtert de Riicht eraus mam Jean-Claude Juncker hei.
Bild: Jean-Francois Badias