Et ginn zu Lëtzebuerg iwwer 7.000 Fleegekräften. Ee groussen Deel dovunner si Frontalieren, a vill vun hinne gi bannent den nächsten zéng Joer a Pensioun. D'Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren huet dowéinst scho virun der Corona-Pandemie virum Risiko vu Personalmanktem an der Fleeg gewarnt.
Wéi sech déi politesch Verhandlungen iwwer eng Opwäertung vum Beruff a besser Ausbildungsméiglechkeeten zanterhier entwéckelt hunn, ass eng vun de Froen, iwwer déi mir mat der Anne-Marie Hanff schwätzen. Am Gespréich mat der ANIL-Presidentin geet et och ëm hire professionelle Parcours an hir wëssenschaftlech Recherche zur Fleeg.
Moderatioun: Pia Oppel
Lauschtert dat ganzt Gespréich!
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Am Gespréich mat der ANIL-Presidentin geet et ë. a. ëm déi politesch Verhandlungen iwwer eng Opwäertung vum Fleegeberuff a besser Ausbildungsméiglechkeeten.
Am Gespréich mat der ANIL-Presidentin geet et ë. a. ëm déi politesch Verhandlungen iwwer eng Opwäertung vum Fleegeberuff a besser Ausbildungsméiglechkeeten.
Am Gespréich mat der ANIL-Presidentin geet et ë. a. ëm déi politesch Verhandlungen iwwer eng Opwäertung vum Fleegeberuff a besser Ausbildungsméiglechkeeten.