D'Fraktiounscheffinnen am Gespréich
Fir déi blo-rout-gréng Koalitioun gëllt de Regierungsprogramm vun 2018, esou een zentrale Message am Premier Xavier Bettel senger Ried zur Lag vun der Natioun dës Woch an der Chamber. Diskussiounen iwwer déi deemools decidéiert Grondsätz sinn net erwënscht.
Ass dat déi richteg Approche, fir d'Corona-Kris an aner Defien ze meeschteren? Doriwwer diskutéiere mir mat der Josée Lorsché (déi gréng) an der Martine Hansen (CSV). Theema sinn dann och d'Gestaltungsméiglechkeete vu Majoritéit an Oppositioun am Parlament - a Krisenzäiten an doriwwer eraus.
Moderatioun: Pia Oppel.
Riicht eraus, Samschdeg 17. Oktober tëschent 12:04 an 13:00.
Lauschtert d'Emissioun hei.