Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht. Ass de PIB haut nach een zouverlässegen Indicateur? Wéi schwiereg ass et, déi komplex Realitéit vu Lëtzebuerg an Zuelen ze erfaassen? Dat sinn e puer Froen un de Serge Allegrezza, e Sonndeg tëschent 11 an 12 a Riicht eraus hei um radio 100,7.
Riicht eraus, dëse Sonndeg vun 11 bis 12 Auer (Rediffusioun: 18-19 Auer)
Moderatioun: Pierre Reyland