7.6. Riicht eraus: Wei geet et mam Teletravail weider?

Riicht eraus: Teletravail

"Bleift doheem, a schafft doheem". Den Teletravail gouf a Corona-Zäite fir ganz vill vun eis eng Realitéit. Mee a wéi wäit kënnen, a wëllen, d'Leit och an Zukunft weider vun doheem aus schaffen? Doriwwer geet et e Sonndeg an eiser Emissioun Riicht eraus.

Invitéë beim Pierre Reyland sinn d'Aarbechtspsychologin Carolin Gorges, den OGBL-Gewerkschaftler Frédéric Krier an den Direkter vun der Banken-Associatioun Yves Maas.  

Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen