Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Diskussioun iwwer de Stellewäert vun den ale Leit an eiser Gesellschaft: Wéi kënnen dës Leit versuergt ginn, a wéi kënne si selwer matschwätzen?

Eng Diskussioun iwwer de Stellewäert vun den ale Leit an eiser Gesellschaft: Wéi kënnen dës Leit versuergt ginn, a wéi kënne si selwer matschwätzen?

Eng Diskussioun iwwer de Stellewäert vun den ale Leit an eiser Gesellschaft: Wéi kënnen dës Leit versuergt ginn, a wéi kënne si selwer matschwätzen?

De Coronavirus ass besonnesch geféierlech fir al Leit: Méi wéi een Drëttel vun den Doudesfäll gëtt aus Alters- a Fleegeheemer gemellt. Mee wéi kënne mir dës Leit schützen, ouni hinnen ze schueden? Wéi kënne mer si versuergen a si awer matschwätze loossen?

Doriwwer diskutéiere mir dëse Samschdeg mam Ben Wahl, Responsabel fir d'Soinen am CIPA Bieles, mat der Anja Leist, Gerontopsychologin a Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, mam Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun a mat der Monique Del Marco, Duechter vun enger Fleegeheem-Bewunnerin. 

Moderatioun: Maxi Pesch
 
Lauschtert d'Emissioun an eiser Mediathéik.

Foto: Bigstock / Herraez