Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Fourth Wall

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An eiser Serie Schwéierpunkt thematiséiert den André Dübbers all Dënschdeg verschidde Volete vum Rassismus.

An eiser Serie Schwéierpunkt thematiséiert den André Dübbers all Dënschdeg verschidde Volete vum Rassismus.

An eiser Serie Schwéierpunkt thematiséiert den André Dübbers all Dënschdeg verschidde Volete vum Rassismus.

An eiser Serie Schwéierpunkt kuckt den André Dübbers net just op den historesche Volet vum Rassismus, mee thematiséiert verschidden Aspekter vum Phenomen. Dat geet vum Antisemitismus, deen nach ëmmer an de chrëschtlech gepräägte Länner present ass, iwwer institutionelle Rassismus a gesellschaftlech Virurteeler, déi an der aktueller Gesellschaft bewierken, datt Leit mat anere kulturellen oder migratoreschen Hannergrënn op ville Plaze vum deegleche Liewen nach ëmmer op Barriäre stoussen, déi et scho laang net méi dierft ginn.

Et gëtt awer och an déi sozial Medie gekuckt, wou et dacks ongefilterte Rassismus gëtt, wou een awer och op Säiten a Gruppen trëfft, déi sech aktiv géint Diffamatioun a Virurteeler asetzen. Mee och d'Fro no Präventioun an Opklärung gëtt opgeworf, genee wéi déi ob Lëtzebuerg da wierklech e multikulturellt Land ass oder eent, an deem verschidde Kulturen, Nationalitéiten a Reliounen an enger Abberzuel vu Parallelgesellschaften zesummeliewen.

Schwéierpunkt Rassismus - dënschdes géint véierel op eng um radio 100,7