Mam Seong-Jin Cho mécht e Freideg e jonken südkoreanesche Pianist säin Début an der Philharmonie. De Seong-Jin Cho ass Lauréat vum Tschaikowsky-Concours zu Moskau a vum Warschauer Chopin-Concours. D'Musek vum Frédéric Chopin ass e Schwéierpunkt vum Pianist sengem Répertoire.
E Freideg spillt en an der Philharmonie den éischte Pianosconcerto vum Chopin, zesummen mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Gustavo Gimeno.
De radio 100,7 iwwerdréit de Concert live um 20:00.