Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Jean Portante seng nei Serie stellt Kompositiounen a Lidder vir, Wierder a Kläng, déi der Weltpoesie eng nei Dimensioun ginn a se dem Publikum méi no bruecht hunn.

Dem Jean Portante seng nei Serie stellt Kompositiounen a Lidder vir, Wierder a Kläng, déi der Weltpoesie eng nei Dimensioun ginn a se dem Publikum méi no bruecht hunn.

Wann de Georges Brassens "Il n'y a pas d'amour heureux" séngt, vergiessen déi meescht, datt dat e Gedicht vum Louis Aragon ass. A wie weess, datt d'Titele vun op d'mannst zwee Albume vum Grupp U2 vum William Blake kommen?

An der éischter poesik steet dem Baudelaire säi Gedicht "Spleen" um Programm, dat vum bekannte franséische Sänger Léo Ferré vertount gouf. 

Déi zweet Emissioun beschäftegt sech mam Gedicht "La ballade des pendus" vum Villon, dat vum franséische Sänger Serge Reggiani vertount gouf, mee och den däitsche Liddermécher Wolf Biermann ass do net wäit ewech.

An der drëtter Emissioun vu poesik steet am Mëttelpunkt d'Zesummenaarbecht vum italieeneschen zäitgenëssesche Komponist Luciano Berio an dem Poet Edoardo Sanguineti, déi zesummen d'Wierk "Laborintus 2" geschaaft hunn.

poesik, ëmmer freides um 13:15 hei um radio 100,7. Eng Serie vum Jean Portante