Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

Suicidegefor am Alter

En Tabuthema am Fokus.
 
Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.
 
Wéi erkennt een d'Suicidegefor bei ale Mënschen? Wat gëtt gemaach fir d'Liewensqualitéit vun dëser Bevëlkerungsgrupp ze verbesseren? Wéi kann een d'Gesellschaft sensibiliséieren?
 
Doriwwer schwätzt d'Maxi Pesch a Riicht eraus mam Sacha Bachim vun der Ligue-Service Information et Prévention, Xavier Thiéry Direkter vum CIPA "Beim Klouschter" a mam Aumônier Marc Hubert.

Riicht eraus, dëse Sonndeg vun 11 bis 12 Auer (Rediffusioun: 18-19 Auer)
Moderatioun: Maxi Pesch

Lauschtert hei

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen