Kodéieren, oder méi allgemeng Computational Thinking, gëtt als Method verstane fir problemléisend Denken ze fërderen; eng Denkweis, déi hëlleft, alldeeglech Problemer ze léisen, a Kanner an Jugendlecher dozou befäegt, déi digital Welt vun haut besser ze verstoen. Studie weisen, datt Kanner schonn a fréiem Alter opnamfäheg fir problemléisend Denke sinn.
An enger Diskussiounsronn ginn Invitéen dorobber an, wéi ee Stellewäert den Opbau vun dëse Kompetenzen aus pedagogescher, wirtschaftlecher an eethescher Perspektiv fir d'Kanner a déi Jonk huet.
Diskutéiert mat a schéckt Är Froen am Zesummenhank mam Kodéieren an der Grondschoul elo schonn op fro@webinar.lu oder iwwer WhatsApp op den 621 44 00 44.
De Webinar "Iwwert de Sënn vum Kodéieren an der Grondschoul" vum SCRIPT zesumme mam radio 100,7 - dësen Dënschdeg, 26.01. tëschent 14:30 a 16:00 um radio 100,7.