Mediathéik

09. Oktober 2019

  • 12:00 - 14:00

    Iwwer Mëtteg

    • 12:00
      Panorama

      Debatten zum Etat de la Nation / Déifferdeng: Christiane Brassel-Rausch nei Buergermeeschtesch / Google: Mouvéco mécht Recours géint Ministère

    • 12:15
      Aktuelles UNICEF Global Parent

      De Mount Oktober ass bei UNICEF Lëtzebuerg de Mount vun de Global Parents. Eng Vertrauenssaach, ënnersträicht de Paul Heber vun UNICEF Lëtzebuerg.

    • 12:22
      Chronik Regierung dréit zur Veraarmung vum ëffentlechen Debat bäi

      D'Ried zur Lag vun der Natioun huet et verpasst, d'Diskussioun iwwer déi wichteg Erausfuerderungen unzestoussen. Eng Chronik vum Jean-Claude Franck.
       

    • 12:30
      Noriichten
    • 12:38
      Kultur Soziale Wunnengsbau: Table ronde a Vernissage

      Beim Vernissage vun der Ausstellung "is this it" gouf et eng Table ronde mam Thema sozial Wunnengen an der Stad Lëtzebuerg.

    • 12:50
      Kultur CinEast: Eng Plaz an der Sonn fir Litauen

      Enn 1930er Joren. D'Onofhängegkeet vu Litauen steet op der Kipp. E Geograf weess, wéi een d'Natioun rette kéint. Kritik vum Kompetitiounsfilm "Nova Lituania".

    • 13:00
      Noriichten
    • 13:08
      Parteien hunn d'Wuert CSV / Piraten

      CSV - Frank Engel "Iwwer d'Ëmgangsformen an der Politik"
      Piraten - Starsky Flor: '"Biergerbedeelegung"

    • 13:40
      Mäin Europa Filmer ouni Grenzen?

      Ëmmer méi Leit kucke Filmer an Tëlee um Internet. Mee de Choix ass méi limitéiert, wéi ee menge kéint an hänkt vum Land of, an deem ee wunnt. 

  • 14:00 - 15:00

    Resonanzen

  • 15:00 - 17:00

    Spektrum

    • 15:00
      Noriichten
    • 16:00
      Noriichten
    • 16:10
      Backstage Ian Anderson

      Den Owend as de Grafker Ian Anderson vun Design Freinds Luxembourg fir eng Liesung am Mudam invitéiert. Séng Spezialitéit: Album-Coveren!

  • 17:00 - 19:00

    Ënnerwee

  • 19:00 - 20:00

    Time Out

    • 19:00
      Noriichten
  • 20:00 - 22:00

    Soirée Philharmonique Zwee Spéitromantiker

    De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg spillt Strauss an Elgar.

  • 22:00 - 22:10

    Panorama

    Tierkei Offensiv a Syrien / Schéisserei zu Halle / Chamber: Reaktiounen op Regierungs-Deklaratioun / Biissen: David Viaggi neie Buergermeeschter

  • 22:10 - 23:10

    Blue Note Coltrane a Reis

    Ëmmer erëm en Highlight, wann en Album vun engem Artist posthum erauskënnt. Dëst war viru Kuerzem de Fall mat "Blue World" vum John Coltrane. 

     

  • 23:10 - 23:59

    Notturno

  • 00:00 - 06:00

    Notturno

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen