Mediathéik

23. Oktober 2019

  • 12:00 - 14:00

    Iwwer Mëtteg

    • 12:00
      Panorama

      39 Läichen a Camion a Groussbritannien fonnt / Brexit: EU wëllt iwwer neien Delai beroden / Kee Locatiounssystem fir e-Trottinette geplangt

    • 12:15
      Aktuelles Pacific Crest Trail: "We are all the same"

      Bal 4.300 Kilometer ass de Guy Christen dëst Joer fir de gudden Zweck getrëppelt. Zanter engem Mount ass hien zeréck zu Lëtzebuerg.

    • 12:22
      Chronik Wéi d'Radikalitéit nees normal ginn ass

      Mordmenacen u Politiker an Thüringen: dëst weist, wéi selbstbewosst déi extrem riets Kräften an Däitschland nees gi sinn.

    • 12:30
      Noriichten
    • 12:38
      Kultur CinEast: "Ech wollt d'Fraen net op hir Roll als Affer reduzéieren"

      Déi kosovaresch Realisatrice Lendita Zeqiraj iwwer hire Film "Aga's House", Gewalt géint Fraen an d'Fräiheet, fir kënnen iwwer dat Gutt an dat Béist ze bestëmmen.

    • 12:50
      Kultur De Message muss weidergoen

      D'Ginette Kolinka huet de Camp d'Extermination vun Auschwitz-Birkenau iwwerlieft. Si huet viru Schüler hir Liewensgeschicht erzielt. Et dierf net vergiess ginn.

    • 13:00
      Noriichten
    • 13:08
      Parteien hunn d'Wuert LSAP / déi gréng

      Fir d'LSAP: Yves Cruchten - "Wuelstand nei definéiert".

      Fir déi gréng: Christian Kmiotek an d'Djuna Bernard - "Budget 2020: Klimaschutz a Sozialpolitik ginn Hand an Hand".

       

    • 13:40
      Mäin Europa Gesträifte "Gefor" um Wee an Europa

      Déi geféierlech Asiatesch Tigermoustique verbreet sech ëmmer méi op all de Kontinenter op der Welt. Gëtt et si och schonn zu Lëtzebuerg?

  • 14:00 - 15:00

    Resonanzen

  • 15:00 - 17:00

    Spektrum

    • 15:00
      Noriichten
    • 16:00
      Noriichten
    • 16:10
      Backstage Kitshickers & The Majestic Unicorns From Hell: Split Release Show

      Kitshickers, eng vun deenen eelsten lokale Rock-Gruppen, bréngen e Samsdeg zesumme mat The Majestic Unicorns From Hell eng Split-EP eraus. De Mike Tock schwätzt mam Gilles Heinisch.

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen