Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

De britesche Premier Boris Johnson huet et fäerdeg bruecht: D'EU huet deen ale Brexit Accord awer um Enn nach geännert. An um Sommet zu Bréissel gouf gëschter entgéint den Erwaardungen e neien Accord ugekënnegt. De Boris Johnson sot, et wier en excellenten Accord, an hie wier ganz zouversiichtlech, datt beim Vott muer am britesche Parlament eng Majoritéit dem Accord wäert zoustëmme fir dann, wéi geplangt, den 31. Oktober aus der EU kënnen auszetrieden. Dat ass awer alles anescht wéi sécher. An de Boris Johnson huet nach e schwéiere Wee viru sech. 

Lauschteren

Nächst Emissioun

Dréchemauer: Visite op engem Chantier

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen