Am Gespréich

radio 100,7

Mir huelen eis Zäit fir mat interesannte Lëtzebuerger aus alle Beräicher vum deegleche Liewen eng Stonn laang ze poteren. Iwwer si selwer, hiert Liewen an hir Iddie fir d'Zukunft.

Fausti

Hien gehéiert ouni Zweiwel zu de ganz groussen Entertainer déi Lëtzebuerg erlieft huet, en huet mat senger Danzmusek Generatiounen markéiert, an hannen dru stécht dann och nach e aussergewéinlechen Museker, e Multi-Instrumentalist. De Faustino Cima, oder besser de Fausti. Museker, Enteratiner, Begleeder, fir kee Witz verleeën, an d'Stëmm vun ville Personnagen a Filmer, eng Lëscht déi een nach a nach ka weider féieren, mat deem wat de Fausti schonn alles gemaach hues. Als jonke Mënsch huetd e Fausti seng Léift zur Musek entdeckt, en huet am Conservatoire Solfége gemaach, mat engem éischte Präiss ofgeschloss. E spillt Akkordeon, Batterie, Gittar, Gei, Klarrinett an och Bas-Gei. An dobäi kënnt nach d'Instrument dat en ëmmer bei sech huet: seng Stëmm. Eischter duerch Zoufall koum de Fausti un sangen, mä dat sangen huets ech bei him zu enger Passioun entwéckelt. Scho mat 13 Joer ass de Fausti Danzmusek spille gaange, spéider huet hien wéi kee aneren d'Fuesend zu Lëtzebuerg markéiert. An e ass esou guer  engem Sondage no, mat ee vun de bekannteste Lëtzebuerger. Zanter zwee Joer ass et méi roueg ginn ronderëm de Fausti, gesondheetlech Problemer an en Trauerfall hunn e zougesat. Mä säin Humor an seng Loscht mat Leit ze schwätzen huet en awer net veluer. An dofir kënnt der de Fausti am Gespréich mam Jean Claude Majerus erliewen. Wou et natierlech vu Musek geschwat gëtt, iwwert dem Fausti seng Kandheet, e ganze Coup Anekdoten an natierlech och wéi et him haut geet.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • De Fausti

    De Fausti ass ouni Zweiwel ee vun de bekannteste Lëtzebuerg, en Entertainer duerch an duerch a virun allem e aussergewéinleche Museker.
     

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen