Backstage

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Musekszeen. Mat Invitéen, déi déi multikulturell Realitéite vu Lëtzebuerg musikalesch illustréieren. All Woch frësch an nei.

Bei Showcase-Festivale wéi dem Sonic Visions kritt een d'Méiglechkeet fir nei Talenter ze entdecken. Op der Affiche sinn dëst Joer ënner anerem Nimm wéi Napoleon Gold, Mahalia, Mudaze, Eddy De Pretto a Say Yes Dog.

Niewent de Concerte diskutéiere Leit aus der Branche iwwer d'Manéier, wéi mir Musek konsuméieren. Wéi eng digital Formater d'Zukunft bestëmmen, a wéi Donnéeën iwwer e Song an enger Blockchain gespäichert ginn, si Sujeten an der Emissioun. De Marc Clement an den Yves Stephany schwätzen och mat der Mandy Parnell iwwer de Prozess vum Masteren. Si huet ënner anerem mam Björk a mat Aphex Twin geschafft.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Serge Tonnar, Steps & Beats

    Een neit Lidd vum Serge Tonnar an de Projet Steps & Beats an der Rockhal.

  • Charel Stoltz

    Hien huet wéi keen aneren de Sound vu Lëtzebuerg definéiert. Ee groussen Deel vun de Produktiounen vu Lëtzebuerger Museker droen dem Charel Stoltz seng Handschrëft.

  • Say Yes Dog

    Den Elektro Pop Trio presentéiert deen neien Album "Plastic Love".

  • Rome

    Obwuel de Jérôme Reuter eng renommée als Sänger huet, ass hien zu Lëtzebuerg bei ville Museksfans ënnert dem Radar.

  • Crinan Wood

    Op Besuch am Studio ass 'Crinan Wood'. D'Formatioun besteet aus Claudine Muno (Gesang, Gittar a Piano), John Schlammes (Kontrabass) a Paul Fox (Drums, Piano)

  • Lisa Berg

    D'Cellistin Lisa Berg presentéiert hiren neien Album "White".

  • Everwaiting Serenade a Sonic Visions

    "No Harbour" heescht dee véierten Disk vun der Hardcore-Formatioun Everwaiting Serenade. De Sänger ass live am Studio. Een anere Sujet ass de Sonic Visions.

  • When Airy Met Fairy

    Mat der Sängerin Thorunn Egilsdottir geet Riets iwwer hir Metamorphos zur Indie-Fee, iwwer de Projet When Airy Met Fairy an iwwer d’Essenz vun der Konscht.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen