D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Musekszeen. Mat Invitéen, déi déi multikulturell Realitéite vu Lëtzebuerg musikalesch illustréieren. All Woch frësch an nei.
Backstage
Sonic Visions 2018
Bei Showcase-Festivale wéi dem Sonic Visions kritt een d'Méiglechkeet fir nei Talenter ze entdecken. Op der Affiche sinn dëst Joer ënner anerem Nimm wéi Napoleon Gold, Mahalia, Mudaze, Eddy De Pretto a Say Yes Dog.
Niewent de Concerte diskutéiere Leit aus der Branche iwwer d'Manéier, wéi mir Musek konsuméieren. Wéi eng digital Formater d'Zukunft bestëmmen, a wéi Donnéeën iwwer e Song an enger Blockchain gespäichert ginn, si Sujeten an der Emissioun. De Marc Clement an den Yves Stephany schwätzen och mat der Mandy Parnell iwwer de Prozess vum Masteren. Si huet ënner anerem mam Björk a mat Aphex Twin geschafft.
Rezent Emissiounen
-
Jonken Hiphop, minimalistesch Elektronik an de Rockhalprogramm
Mir léieren de Bayonne kennen, schwätze mam Arnaud Velvelovich vun der Rockhal iwwer d'Programméieren an Zäite vun Internet-kontroversen, an entdecke Skinny J. an Turnup Tun.
-
Napoleon Gold & Edsun
Nei elektronesch Téin a vill Musek vun de Congés Annulés.
-
Neies op ville Fronten
En neie Vinyl, eng nei Single, nei Jazz Kompositiounen an neie Grunge
-
E shaarfe Weekend an der Slowakei
Déi éischt Editioun vum Sharpe Festival zu Bratislava huet eng Musekszeen gewisen, déi sech emanzipéiert.
-
De Koll an Aktioun, Wye Oak a Robocobra Quartet
D'Programmatioun vum Koll an Aktioun Festival kommen op Besuch a mir hunn den nordiresche Robocobra Quartet a Wye Oak getraff.
-
Eklektesche Mix
Pop, Salsa, Reggae, Afrobeat an Hip Hop
-
Subjective Molecules a Kacy & Clayton
Neies aus der House-Zeen vu Komparce, zwou Folkgruppen, déi den Jamie am Konrad gesinn huet a Villes méi.
-
Out Of The Crowd XV Spezial
Léift, Passioun an Indie Rock
-
Bartleby Delicate, Les Aralunaires, Josh Island a Screaming Fields 2018
Zwou Releasen, eng Rees op Arel an en Newcomer-Festival
-
Concerten, Releasen an Anniversairen
En eklektesche Mix mat deene verschiddensten Artisten
-
Italienesches, Poppeges an de Gary Numan
Nei Musek vum Enzo Guitti a Magnus & John, Impressioune vum Andrea Belfi an de Gary Numan
-
Chicago meets Zürich meets Esch
Gespréicher mat D.E.T.90, Faber a Moof, exklusiv Musek vun Tuys an d'Produktioun vu Museksvideoen zu Lëtzebuerg
-
Sträit, e grousse Prabbeli, eng analog Kierch an neien Jazz
Vill Gedeessems an der Lëtzebuerger Musekszeen
-
Zwou Placke mat asiateschen Inspiratiounen
Rome an The Choppy Bumpy Peaches stellen hir nei Diske vir.
-
Adam Torres & Peter Broderick
Déi zwee Museker waren dës Woch live hei am Land z'erliewen: mir hu si allebéid am Interview, nei Musek vun hinnen inklusiv.
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen