Backstage

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Musekszeen. Mat Invitéen, déi déi multikulturell Realitéite vu Lëtzebuerg musikalesch illustréieren. All Woch frësch an nei.

Bei Showcase-Festivale wéi dem Sonic Visions kritt een d'Méiglechkeet fir nei Talenter ze entdecken. Op der Affiche sinn dëst Joer ënner anerem Nimm wéi Napoleon Gold, Mahalia, Mudaze, Eddy De Pretto a Say Yes Dog.

Niewent de Concerte diskutéiere Leit aus der Branche iwwer d'Manéier, wéi mir Musek konsuméieren. Wéi eng digital Formater d'Zukunft bestëmmen, a wéi Donnéeën iwwer e Song an enger Blockchain gespäichert ginn, si Sujeten an der Emissioun. De Marc Clement an den Yves Stephany schwätzen och mat der Mandy Parnell iwwer de Prozess vum Masteren. Si huet ënner anerem mam Björk a mat Aphex Twin geschafft.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Food for your thoughts

    Am Interview: Déi amerikanesch Sängerin Jesca Hoop, de Luka Heindrichs vum Food For Your Senses an déi norwegesch Formatioun Pom Poko.

  • Backstage

    Elektronesch Musek ouni Beats, eng nei Scheif an e neie Soundtrack

  • Nei Musek, Protestlidder an Eurosonic Festival 2018

    Nei Musek vun The Atlas, Protestlidder vum Marc Theis an eng dänesch Decouverte um Eurosonic Festival 2018

  • Ausbléck op den Eurosonic Festival

    D'Museksbranche gëtt sech all Januar Rendez-vous zu Groningen. Hei sinn déi wichtegst Nimm vun der Editioun 2018.
     

  • Drops & Points Reworks an Schemotape III

    Dem Pascal Schumacher säin Drops & Points revisitéiert an déi drëtt Oplag vum Schemotape vun de minetter Rappere Corbi, Edelweis a Wispo

  • Best of 2017

    E Bléck op déi vergaangen 12 Méint an der Lëtzebuerger Zeen mat Extraiten aus de Backstage-Emissioune vun dësem Joer.

  • Sexual Healing an dräi Euro ...

    Alles, wat Dir schonn ëmmer wollt iwwert de Mike Butcher wëssen a fuschneien austro-lëtzebuergeschen Hip Hop fir op d'Long

  • Releases an d'Laureate vu music:LX

    Zwou nei lëtzebuergesch Releases vu Raftside a Mind Enhanced Waves an d'Laureate vum Präis vum Lëtzebuerger Musek-Export.

  • En neie Shop an eng nei Release

    Vinyl Harvest feiert Ouverture a Cyclorama feiert eng nei Scheif

  • Vun Aerobic, Scampien an Dauwen

    Magnus&John, Giorgio -The Dove- Valentino an de Krëscht Clement

  • Benoit Martiny Special

    De wëlle Rock an Jazz Batteur iwwert seng divers Projeten, mol rau, mol méi raffinéiert

  • Sonic Visions Spezial

    Live op der zéngter Editioun vum Sonic Visions Festival

  • Ee béischtege Backstage

    Der Däiwel, Beast an eng Monster-Release vu Versus You

  • Spezial Sonic Visions

    Detailer iwwert déi zéngt Editioun vum renomméierte Festival an der Rockhal

  • Backstage

    Den 2. Longplayer vu Sova Stroj, di net Plack vu Seed to Tree an och déi vun Austinn !

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen