Backstage

D'Aktualitéit aus der Lëtzebuerger Musekszeen. Mat Invitéen, déi déi multikulturell Realitéite vu Lëtzebuerg musikalesch illustréieren. All Woch frësch an nei.

Bei Showcase-Festivale wéi dem Sonic Visions kritt een d'Méiglechkeet fir nei Talenter ze entdecken. Op der Affiche sinn dëst Joer ënner anerem Nimm wéi Napoleon Gold, Mahalia, Mudaze, Eddy De Pretto a Say Yes Dog.

Niewent de Concerte diskutéiere Leit aus der Branche iwwer d'Manéier, wéi mir Musek konsuméieren. Wéi eng digital Formater d'Zukunft bestëmmen, a wéi Donnéeën iwwer e Song an enger Blockchain gespäichert ginn, si Sujeten an der Emissioun. De Marc Clement an den Yves Stephany schwätzen och mat der Mandy Parnell iwwer de Prozess vum Masteren. Si huet ënner anerem mam Björk a mat Aphex Twin geschafft.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen