Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

2016 koum de Rolling Stones hiren 23. Album eraus. Et war dëst mol erëm eng Kéier eng CD, déi komplett am Blues gehale gouf. 12 Cover-Songs sinn hei drop, déi alleguerten am Stil an am Rhythmus stëmmen. De Jim Devans stellt dës CD vir.

 

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Blue Blot

    Eng belsch Blues- a Funkband ronderëm de Sänger Luke Walter Junior.

  • Joey Gilmore

    Ier et un d'Häerzstéck vun der Saison geet - de Blues & Jazz-Rallye - steet mam Joey Gilmore nach emol en exzellente Clubgig op der Affiche.

  • Deborah Coleman an Albert Cummings

    Dem Blues ass d’Deborah Coleman verfall, wéi si e Concert vum Muddy Waters an John Lee Hooker gesinn hat.

  • Taste - live at the Isle of Wight

    Bluesrock vum Trio Rory Gallagher/Richard McCracken/John Wilson, opgeholl am August 1970 op der britescher Kanalinsel.

  • Derek & the Dominos live

    Wie sicht, dee fënnt: wat 1970 net op den Album "In Concert" gepasst huet, ass nogeliwwert ginn ...: den Eric Clapton an Topform!

  • Lister/Lyytinen/Parker

    Zwee Museker an eng Musekerin stinn um Programm. Den Aynsley Lister, d’Erja Lyytinen an de Ian Parker.

  • Tëscht Blues an Jazz: Larry Carlton

    Den Amerikaner ass an den 2 Genren doheem an e Meeschter op de Gittaren. Dovunner kann ee séch och um dëssjährege 'Printemps Musical' iwwerzeegen.

  • Burdon/Witherspoon

    En Album, deen d'selwecht heescht wéi dës Emissioun? Jo, dee gëtt et - et ass eng gemeinsam Produktioun vun Eric Burdon an Jimmy Witherspoon.

  • Super Chican, Bonita ... a Stecker eraus!

    E Bléck op de Concertskalenner mat den Optrëtter vum James 'Super Chican' Johnson a vu Bonita & the Bluesshacks am 'Unplugged'-Projet vum Bluesclub Lëtzebuerg.

  • Ana Popovic

    Viru kuerzem huet d'serbesch Bluesgittaristin an Däitschland an engem klenge Kaff an nach méi klenge Club mat maximal 250 Leit gespillt.

  • Déifferdeng huet de Blues!

    Devon Allman, Tadd Robinson, Ben Poole: Déifferdeng presentéiert an den nächste Woche gläich dräi spannend Affichen!

  • Access All Areas

    Eng Symbios tëscht Rock- a Bluesgesank an exzentreschem Uergelspill.

  • Paint it blue!

    Eng Stonn d'Rolling Stones an de Blues - Klassiker déi vun hinne gecovered ginn, Blueskënschtler, déi hier Kompositioune interpretéieren an déi eng oder aner Jam!

  • Luther Allison: Live in Chicago a Live in Berlin

    Bekannten amerikaneschen Blues-Gittarist dén iwwer 30 LPen an CDen opgeholl huet.

  • Blue Sisters

    Layla Zoe, Tasha Taylor, Ina Forsman: mat dësem Power-Trio leet déi 12. Blues Caravan vu Ruf Records de 5. Februar en Arrêt am 'Sang a Klang' an.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen