Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

2016 koum de Rolling Stones hiren 23. Album eraus. Et war dëst mol erëm eng Kéier eng CD, déi komplett am Blues gehale gouf. 12 Cover-Songs sinn hei drop, déi alleguerten am Stil an am Rhythmus stëmmen. De Jim Devans stellt dës CD vir.

 

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Eric Clapton plays Robert Johnson

    Bekannt gouf hien eigentlech an de 60er Jore vum leschte Joerhonnert, net duerch de Blues, mä mat Pop a Rock.

  • Nach waarm vum läschte Joer!

    Si gehéieren offiziell zum Cru 2015, et sinn deemno Produktioune vum läschte Joer: mee aktuell si se natierlech ëmmer nach. Well esou al ass dat neit Joer jo nach net ...

  • Blues am Uptempo!

    Avanti - an zwar am zolitt ugezunnenem Tempo: dat ass de Blues-Motto vum Owend, wou d'Momenter fir Loft ze huelen éischter an der Minoritéit sinn!

  • Christmas Blues

    Museker a Gruppe mat hire Chrëschtlidder aus dem Rock, Pop, Jazz a Blues.

  • Relax ... says Santa!

    Eng Stonn Blues mat deem engen oder aneren Ofstiecher a gemittlechen Jazz a Groove!

  • Christmas Blues

    All Museker an all Grupp déi eppes op sech hält, huet iergendwann deen een oder aneren Titel fir Chrëschtdag opgeholl.

  • XXL Blues!

    Eng Stonn mat méi laange Lidder aus den aktuelle Live-Albume vu Layla Zoe an Erja Lyytinen, de Bas Paardekooper (NL) ass zu Téiteng bei 'Blue In The Schu' derbäi.

  • Grainne Duffy/John Mayall/Ten Years After

    Um Programm: Grainne Duffy, John Mayall an Ten Years After. Enn November spillt zu Diddeleng op enger Blues-Soirée Hundred Seventy Split, en Ofleeër vun TYA.

  • Blues de luxe

    Zwou Lëtzebuerger Formatioune stinn am Mëttelponkt vum 100,7 Blues-Rendezvous: 'Heavy Petrol' an d''Blues Heritage Company'

  • Larry Garner an Norman Beaker

    Dem Larry Garner säi Liewen a Wierk gi beliicht, an eng CD, déi 2013 zesumme mam Norman Beaker live zu Wien opgeholl gouf, steet am Mëttelpunkt

  • Sugar Ray, John & Peter

    Sugar Ray, John & Peter

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen