Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.

 

Ee Mount no de Chamberwahlen hëlt d'Formatioun vun der neier Regierung esou lues Form un. Et zeechent sech eng Regierung mat 17 Memberen of. Sechs fir jeeweils d'DP an d'LSAP a fënnef fir déi gréng.

Wéi konkret sinn déi Informatiounen iwwer d'Regierungsformatioun? Wisou fuerderen déi gréng bis elo net méi Posten? A wéi probabel ass et datt déi aktuell Pläng nach änneren?

E politesche Réckbléck mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Wie sinn d'Kandidate fir d'Chamberwahlen?

    Sinn déi 547 Kandidate fir d'Chamberwahle representativ fir d'Bevëlkerung?

  • Christian Kmiotek a Line Wies

    Wat fir eng Sozialpolitik fir Lëtzebuerg? De Christian Kmiotek (déi gréng) & Line Wies (déi Lénk) diskutéieren iwwert sozial Gerechtegkeet.

  • Staatsfinanzen: Sue spuere fir der nees méi auszeginn

    Wéi déi aktuell Regierung Enn 2013 ugetratt ass, huet si Budgetsrigueur versprach. D'Previsioune waren düster. Um Enn ass alles anescht komm.

  • Françoise Hetto-Gaasch & Marceline Waringo

    Liberaliséiert Ouvertures- a flexibel Aarbechtszäiten am Commerce: wou sinn d'Grenzen?

  • Kultur - d'Stéifkand vun der Politik?

    2013 huet d'Regierung Fërderung, Dialog an d'Opwäertung vun a mat de Kënschtler versprach. Wat ass wierklech realiséiert ginn?

  • Josée Lorsché & Sylvie Mischel

    Wat wier eng nohalteg Wirtschaftspolitik fir Lëtzebuerg? Doriwwer diskutéiere Josée Lorsché (déi gréng) a Sylvie Mischel (adr).

  • Reform Rettungsdéngschter: "Ee Corps, eng Missioun"

    Am CGDIS goufen déi verschidde Rettungsdéngschter vum Land zesummegeluecht. Et ass eng vun de grousse Reforme vun dëser Legislaturperiod.

  • Yves Cruchten & Fred Keup

    Yves Cruchten (LSAP) a Fred Keup (Kandidat vum Wee 2050 op der adr-Lëscht) streiden iwwer Sprooch, Integratioun a Flüchtlingspolitik.

  • Asylpolitik an de Wahlprogrammer

    Trotz de réckleefegen Zuelen, bleift d'Asylpolitik europawäit ee vun de meeschtdiskutéierten Themen an der Politik. Wat sinn d'Pläng vun de Parteien?

  • Op der Trajectoire

    Lëtzebuerg respektéiert viraussiichtlech d'Klimaschutzziler fir 2020. Strukturell Reformen a Richtung Klimaneutralitéit feelen awer nach.

  • Yves Wagner (ACL)

    Am Virfeld vun de Chamberwahle geet rieds mam ACL-President iwwer seng Erwaardungen un d'Politik.

  • Méi breet Autobunnen: Pro & Contra

    All Autobunne solle laangfristeg op sechs Spuren ausgebaut ginn: dat versprécht d'CSV am Virfeld vun de Wahlen. Wat soen déi aner Parteien?

  • Wann alles besser kënnt, wéi gemengt

    2013 ass d'Regierung vu schwaachem Wirtschaftswuesstem an héijer Inflatioun ausgaangen. D'Prioritéite vum Koalitiounsaccord hu sech dorunner orientéiert.

  • Jean-Marie Jacoby & Marc Goergen

    D'Kandidate Jean-Marie Jacoby (KPL, Zentrum) a Marc Goergen (Piratepartei, Süden) diskutéieren iwwer Mobilitéit a Klimaschutz.

  • Drogepolitik an de Wahlprogrammer

    Wéi eng Defie bleiwe fir d'Drogepolitik? Wéi huet sech d'Situatioun während der blo-rout-grénger Regierungszäit entwéckelt?

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen