Chéier vun der Welt

All Emissioun zeechent e musikalesche Portrait vun engem vun de beschte Chéier vun der Welt. De Manuel Ribeiro presentéiert an dëser Serie bekannt Ensemble wéi de Mormon Tabernacle Choir, de Wiener Singverein, de Bolshoi Choir vu Sankt Petersburg, Chor der Deutschen Oper Berlin... awer och manner bekannte Chéier wéi de Los Angels Master Chorale.
Sief et “a capella” interpretéiert oder mat Orchesterbegleedung, dës Emissioun gëtt en Abléck an déi grouss Konscht vun der Chouer-Musek.

Dem Estonian Philharmonic Chamber Choir hire Repertoire ass vaste a geet vu gregorianeschem Gesank bis zur Musek vum 21. Joerhonnert. Um Programm sti Wierker A Cappella, mee och mat Orchesterbegleedung vum Cyrillus Kreek, Arvo Pärt a Veljo Tormis. Presentéiert vum Guy Engels.

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Estonian Philharmonic Chamber Choir

    Ee vun de beschte Chéier aus dem Osten, 1981 gegrënnt.

  • Choeurs de l'Opéra de Paris

    Dëse groussen Ensembel kennt weltwäit e phänomenale Succès.

  • Warsaw Philharmonic Choir

    Ee vun deene beschte professionelle Chéier an Europa, deen dacks zesumme mam Warsaw Philharmonic Orchestra optrëtt.

  • Les Arts Florissants

    Wann een no engem renomméierte Barockensembel sicht, da kënnt engem direkt dem W. Christie säin Ensembel Les Arts Florissants an de Kapp.

  • De London Philharmonic Choir

     Den LPC besteet aus iwwer 200 Memberen, d’Palette reecht vu Studente bis zu pensionéierte Sänger a steet deene groussen Orchesteren zur Säit fir d’Opféierung vun de grousse Wierker mat Chouer an Orchester.

  • Zwee Chéier aus England: Hilliard Ensembel / Westminster Abbey Choir

    E musikalesche Portrait vun zwee Ensemblen.

  • Mormon Tabernacle Choir - Philadelphia Orchestra

    E gewaltege Chouer vun 360 Memberen, déi an hirer Carrière och scho mat Grammy- an Emmy Awards ausgezeechent goufen. Den Mormon Tabernacle Choir.

  • Monteverdi Choir

    De Monteverdi Choir gouf 1964 vum Sir John Eliot Gardiner als Barockensembel gegrënnt, mee haut reecht de Repertoire vun der Renaissance bis zur Musek vum 20. Jhr.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

  • radio 100,7: Changement à la tête de la rédaction musicale

    M. Yves Stephany a été nommé à la tête de la rédaction musicale de la radio de service public radio 100,7. M. Stephany, 37 ans, y prend la relève de M. Fred Medernach qui a fait valoir ses droits à la retraite.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen